2015 · 92 pages
About this book
Mat 'Zikelalarm' kënnt hien als Schoulmeeschter erëm bei säi Beruff zréck an zwar dës Kéier als Kabarettist. Datt hien och an där Spart gudd ass, konnt ee schonn a ville senge Bicher erausliesen an en och scho joerelaang op der Bühn live erliewen. Wann dann och nach grad d’Schoul – oder besser d’Reformen an der Schoul – engem sou gudd gefalen, da muss ee jo och de Leit dat matdeelen. 0Net jiddereen huet matkritt, wat sech am Laf vun deene leschte Joeren do alles an der Schoul geännert huet, et sief dann, et huet ee selwer Kanner an der Schoul. Mä well jiddfereen, dee liese kann, awer do passéiert ass, ass et scho vläicht intressant ze gesinn, wann eng Persoun, déi matzendra steet, also op gudd Lëtzebuergesch en Insider, eis matdeelt, wéi sech dann elo eis Politiker d’Erzéiung hautesdaags virstellen, wann e Schouljoer kee Schouljoer méi duerstellt, mä elo alles an Ziklen opgedeelt ass. 0Da bedeit den Titel Zikelalarm mat Sécherheet kee falschen Alarm. Mä gudd laache kann awer bei deem Buch jiddereen – ausser vläicht eis Politiker, mä do dauert et nach, bis déi d’Kompetenzsockelen erreechen!
Similar books
Rummaging the shelves…
Reviews
Loading reviews…
